
100ste Gebuertsdag Fränz Frising
mam Claude Mangen an Nathalie Jacoby ënner musikalescher Begleedung vum Jeff Mack a Joëlle Wiseler (Gesang) an Charel Hoffmann (Piano)
31. Oktober 2025
um 19.30 Auer am neie Sall zu Eschduerf.
«De Fränz FRISING gouf de 05.06.1925 zu Kënzeg gebuer, war an de 1930ger Joren zu Suessem an der Primärschoul an ass
spéider an de Stater Kolléisch gaang fir uschléissend bis 1945 an der Normalschoul zu Ettelbréck de Beruff vum Schoulmee-
schter ze léieren. 1949 krut hie säi Brevet d’aptitude pédagogique. Vun do u bis zu senger Pensioun huet hie mat vill
Engagement Schoul gehalen, dorënner zu Mecher, Éinen, Zolwer, Bieles a schliisslech vun 1958 bis 1985 zu Colmer-Bierg !
An de 1960ger Joren huet hien am Stater Conservatoire Gesangsconcourse geholl, wéi och franséisch an däitsch Diktioun. Nieft senger Passioun fir de Chouergesank, als Sänger oder Dirigent, stoung Frisings Fränz dacks a gär op der Bün vum Lyrastheater.
Als Auteur huet hie Gedichter, Prosa an Theaterstécker op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch geschriwwen sou wéi och lokal a regional Chroniken. Mat sougenannte „Stëmmespiller“ huet hien e Stil entwéckelt, bei deem dat geschwate Wuert vum Erzieler op eng lieweg theatralesch Manéier Geschichte verzielt.»

mat Ènnerstètzung vun
der Kulturkommissioun

